OPYOS BEVERAGES

ENG NEIDEFINÉIERUNG VU
KLASSESCHE SPIRITUOSEN



Inspiréiert um lokalen Ierwe vum Groussherzogtum Lëtzebuerg stellt Opyos Beverages kleng Quantitéiten u Spirituosen hier. Den eenzegaartege Goût vun Opyos wuerzelt an der feiner Ofstëmmung tëscht heemesche Botanicals a produkttypeschen Inhaltsstoffer. D’Resultat ass eng exklusiv Produktlinn ausgezeechent duerch di kraaftvoll Aromae vum lokalen Territoire.

Hi
The Brewing Botanist Cask Aged Gin

OPYOS
THE BREWING BOTANIST CASK AGED GIN

49,90 € TTC
50 cl / 42% vol

Eisen The Brewing Botanist Cask Aged Gin ass déi véiert Editioun vun eiser 'Cask Aged' Serie an op 924 Fläsche limitéiert.Säin Ursprong fënnt dës Editioun am Joer 2019, wéi mir eisen éischte Béier a Kooperatioun mat Wolff Brewing Co, den The Brewing Botanist, an zwee lëtzebuergesch ,Holz vun Hei’ Eechenfässer geluecht hunn. Nodeems dëse Red Belgian Strong Ale no sechs Méint aus de Fässer geholl ginn ass, goufen dës op een neits mam selwechten Dry Gin befëllt. Dëse Virgang hu mir wärend 4 Joer, fir all Batch vum den The Brewing Botanist, widderholl.

ENTDECKEN ELO KAAFEN

OPYOS
PASTIS DE LUXEMBOURG

29,91 € TTC
75 cl / 45% vol

Opyos Pastis de Luxembourg ass een handgemaachenen Anis Aperitif, inspiréiert un der franséischer Traditioun a verfeinert duerch eis experimentell handwierklech Destillatioun. Et handelt sech ëm eng Zesummestellung vun 11 verschiddenen aromatesche Planzen, Kraider a Gewierzer, déi lokal an uechter d’ganz Welt suergfälteg selektéiert goufen, fir eng erfrëschend douce an trotzdeem komplex Spirituose ze kreéieren.

ENTDECKEN ELO KAAFEN
Pastis de Luxembourg
Luxembourg Dry Gin

OPYOS
LUXEMBOURG DRY GIN

41,90 € TTC
70 cl / 44% vol

Doduerch erhale mir eng wonnerbar ausbalancéiert Aromapalette, charakteriséiert duerch dezent Séissmandelnouten a verféieresch Fruuchtaromen, déi an hirer sametteger Textur sou wéi waarme mofe Faarwen zum Ausdrock kommen. Doraus resultéiert e London Dry Gin, dee sech bewosst duerch en atypesche Gerochs- a Geschmaachsprofil auszeechent, dat opgrond vu senger villschichteger Komplexitéit net just Gin Amateuren en onvergiesslecht Erliefnes erméiglecht.

ENTDECKEN ELO KAAFEN

OPYOS
NAVY STRENGTH GIN

41,90 € TTC
50 cl / 57% vol

Opyos Navy Strength Gin gëtt duerch d’Bäimësche vun enger zousätzlecher Portioun u Wakelterfriichten an eis klassesch Dry Gin-Rezeptur hiergestallt a mat engem méi héijen Alkoholgehalt ofgefëllt, fir déi gesamt Aromatik vum Wakelter ze erfaassen. Produzéiert a klenge Chargë kombinéiert den Opyos Navy Strength Gin eisen eenzegaartege botanesche Bouquet mat enger vollmundeger Palette u Wakeltergoût, déi duerch häerzhaft Noute vu Kifernolen sou wéi wierzeg Zitrusnouten ausbalancéiert ginn, wärend e gläichzäiteg eng frësch Wäermt stimuléiert.

ENTDECKEN ELO KAAFEN
Navy Strength Gin
LUXEMBOURG HONEY GIN

BEESY
LUXEMBOURG HONEY GIN

41,90 € TTC
50 cl / 30.5% vol

De Beesy Luxembourg Honey ass d’Resultat vun enger Kooperatioun tëscht Mellis an Opyos. Iwwer Méint hu mir getest, getüftelt an doru geschafft, wéi sech Hunneg an Gin zu engem harmonesche Produit verschmëlze léisst. Beesy ass de Versuch d’Begeeschterung fir d’Imkeren, déi een essentielle Bäitrag zum Schutz vun eiser heemescher Ëmwelt esou wéi Biodiversitéit, mat der Leidenschaft fir Spirituosen ze verbannen. D’Resultat ass eng Zesummeféierung vu séissen sou wéi blumesch-fruuchtegen Arome vum gold-gielen Nektar vun dëse fläissegen Insekten, mat de kräftegen an onverwiesselbaren Nuancë vum Wakelter vun eisem Opyos Navy Strength Gin. Eng wonnerbar ausbalancéiert Palette, gepräägt vun enger blimmeleger Séisst, enger liichter Wierz a cremeger Textur.

ENTDECKEN ELO KAAFEN

OPYOS
BÄERTRËFFER CASK AGED GIN

49,90 € TTC
50 cl / 45% vol

ELO KAAFEN
Bäertrëffer Cask Aged Gin
Chardonnay Cask Aged

OPYOS
CHARDONNAY CASK AGED

49,90 € TTC AUSVERKAAFT
50 cl / 45% vol

ENTDECKEN

OPYOS
CASK AGED GIN

49,90 € TTC AUSVERKAAFT
50 cl / 45% vol

ENTDECKEN
Cask Aged Gin
gin tonnar – schaarft geschier


GIN TONNAR – SCHAARFT GESCHIER

44,90 € TTC
50 cl / 42% vol

Kreativ, onkonventionell, ouni vill Schnickschnack a schaarf op der Zong. Zesumme mam Kënschtler Serge Tonnar huet Opyos een Gin entwéckelt, deen sech duerch eng peffereg a liicht Schäerft auszeechent.
D‘Mazeratioun vu Szechuanpeffer an Chillischoten am Opyos Luxembourg Dry Gin suerge fir eng peffereg Wierz an ee liicht Picken op der Zong.
Limitéiert op 500 Fläschen, all eenzel handsignéiert vum Serge Tonnar, kanns du dir ab elo een Unikat an eisem Onlineshop sécheren!

ELO KAAFEN

OPYOS
LUXEMBOURG SLOE GIN

38,90 € TTC
50 cl / 26% vol

Eise Sloe Gin resultéiert aus enger méintelaanger Maceratioun vun op der Hand gepléckte Schléiwen an eisem priméierten Opyos Luxembourg Dry Gin. Doduerch erhale mir eng wonnerbar ausbalancéiert Aromapalette, charakteriséiert duerch dezent Séissmandelnouten a verféieresch Fruuchtaromen, déi an hirer sametteger Textur sou wéi waarme mofe Faarwen zum Ausdrock kommen.

ENTDECKEN ELO KAAFEN
Luxembourg Sloe Gin
APPLE QUINCE GIN LIQUEUR


APPLE QUINCE GIN LIQUEUR

38,90 € TTC
50 cl / 26% vol

Den Opyos Apple Quince Gin Liqueur entsteet duerch d’Mazeratioun vun Äppeltrester a frësch gepresstem Quiddejus an eisem klasseschen Dry Gin. Déi op der Hand gepléckten Äppel a Quidden, déi aus traditionelle Bongerten ëm den Eck kommen, ginn an der Eppelpress gepresst, wou zwee verschidde Produiten ufalen: Tester a Jus. Den Äppeltrester mazeréiert iwwert puer Méint an eisem Dry Gin, befiert en mat Quiddejus a Rouerzocker gemëscht gëtt. D’Resultat ass eng wonnerbar ausbalancéiert Palette un Aromen, déi sech duerch gëlleg räif Quiddennotten, a Kombinatioun mam séissen a sauere Geschmaach vun Äppel auszeechent.

ENTDECKEN ELO KAAFEN

OPYOS
COFFEE GIN LIQUEUR

38,90 € TTC
50 cl / 20% vol

Den Opyos Coffee Gin Liqueur gëtt hiergestallt andeems mir Cold Brew Coffee mat eisem klassesche Dry Gin vermëschen. Déi biologesch, fair-trade Kaffisbounen, déi aus der Sidamo Regioun an Äthiopien stamen, ginn zu Lëtzebuerg geréischtert, ier se zu deem Grad gemuele ginn, dee mir fir eise Cold Brew Coffee brauchen. Dëse Cold Brew gëtt dann mat eisem Opyos Luxembourg Dry Gin an Rouerzocker, wat zu enger wonnerbar ausgeglachener Palette vun Aromaen resultéiert, charakteriséiert duerch voll, fruuchteg Kaffi Nouten an duussen Wakelter Goût.

ENTDECKEN ELO KAAFEN
Coffee Gin Liqueur
Pinot Noir Cask Aged

OPYOS
PINOT NOIR CASK AGED

49,90 € TTC
50 cl / 45% vol

ENTDECKEN ELO KAAFEN