Dir sicht e Firmenkaddo fir Är Clienten ze beandrocken, oder een eenzegaartegt Hochzäitsgeschenk, fir Ärer besonneschen Dag mat enger personaliséiert Gin Etikett oder Geschenkkëscht ze feiern? Mat eisen Tailored Gin Labels & Boxes kennt Dir een spezielle Message mat Ären Kaddoen iwwermëttelen. Erhältlech a 50ml a 500ml Fläschen.
Wann Dir Ären individuellen Ausdrock nach een Schratt weider wëllt bréngen, dann ass dat hei genau dat Richtegt fir Iech. Eisen Tailored Gin erméiglecht et Iech, een Gin ganz no Ärem Goût ze kreéieren , andeems Dir déi gewënschten Botanicals auswielt. Ergänzt Ären eenzegaartegen Gin mat Ärem Firmelogo oder Ärem Numm op der Etikett.
Ob Dir een Firmenevent een Gebuertsdag, eng Hochzäit oder soss eng besonnesch Occasioun hutt, maachen mir Äert Event mat eisem Gin & Tonic and Cocktail Catering onvergiesslech. Dir sidd op der Sich no engem klasseschen G & T oder engem Cocktail deen zum Thema vun Ärem Event passt ? Dann zeckt net eis ze kontaktéieren a mir beschwätzen mat Iech Är verschidden Méiglechkeeten.
Hutt Dir Iech schonn mol gefrot, wou an wei mir eis Spirituosen produzéieren ? Dann besicht eis an eisem Keller a kuckt Iech un wat et braucht fir priméierten Gin hierzestellen. Zum Ofschloss gëtt et eng Degustatioun vun eisen Produiten.
Bucht eng Visitt an der Brennerei, fir méi iwwert d’Brennen vun Gin ze leieren. Zum Ofschloss gëtt et eng Degustatioun vun eisen Dry Gin, Sloe Gin an Navy Strength Gin.