COFFEE GIN LIQUEUR

PRODUKTIOUNS-
PROZESS

D'Iddi fir den Opyos Coffee Gin Liqueur gouf initiéiert duerch eis Valorisatioun fir e gudden Espresso Martini. Kuerz drop hu mir ugefaange no engem Kaffi ze sichen deen am Beschten bei eisen Opyos Luxembourg Dry Gin passt, sou datt mir de Moulin Dieschbourg kontaktéiert hunn, e Kaffisréischter just em den Eck. D'Kaffisbounen déi mir schlussendlech gewielt hunn, sinn 100% Arabica, biologesch, fair-trade Kaffisbounen déi an der Sidamo Regioun an Ethiopien op enger Héicht tëscht 1400 an 2200 Meter wuessen.

Coffee Gin Liqueur

Coffee Gin Liqueur

Nodeems d'Bounen op eise gewënschten Grad gemuele gi sinn, produzéiere mir dat wichtegst Element vun dësem Produkt: Cold Brew Coffee. Soubal de Cold Brew fäerdeg ass, mëschen mir en mat eisem Opyos Luxembourg Dry Gin a Rouerzocker. Virum Afëlle vun dësem Likör mat 20 % vol kënnt et weder zur Kalfiltratioun nach zum Bäifüge vu kënschtlechen Inhaltsstoffer.

DEGUSTATIOUNS
NOUTEN

Coffee Gin Liqueur

NUES

Markéiert duerch däischter geréischtert, raucheg Kaffisbounen mat Nouten vu kandéierter Orangëschuel an engem Soupçon vu Vanill. Ofgerënnt vu frësche Zitrusnouten an enger liichter Wierz.

GOMM

D'Kaffisbounen suergen fir en intensiivt Orange-Espresso Aroma, zesummen mat engem batterséissem Schockela Goût a mëllen Wakelternouten, déi lieweg ginn an enger seideger, cremeger Textur.

OFGANG

De batterséissen Goût hält un a bleift intensiv mat Touchen vu Menthol a salzegem Karamell, gefollegt vu frëschen orange Aromaen.

ZERWÉIER
SUGGESTIOUN

Coffee Gin Liqueur

Den Opyos Coffee Gin Liqueur ass entwéckelt gi fir bei all Occasioun ze passen. Wann Dir e klassesche G&T als Aperitif wëllt, mëscht en mat Imperdibile Dry Bitter Tonic. Als Digestif gëtt en am Beschten gekillt oder op Äis genoss a fir e super Espresso Martini, fügt 7cl Kaffi Gin Likör an 1cl Eewäiss an ee mat Äis gefëllten Shaker, gutt shaken, servéiert an engem Martini Glas a garnéiert mat e puer Kaffisbounen.

Coffee Gin Liqueur

OPYOS
COFFEE GIN LIQUEUR

38,90 € TTC
50 cl / 20% vol

Den Opyos Coffee Gin Liqueur gëtt hiergestallt andeems mir Cold Brew Coffee mat eisem klassesche Dry Gin vermëschen. Déi biologesch, fair-trade Kaffisbounen, déi aus der Sidamo Regioun an Äthiopien stamen, ginn zu Lëtzebuerg geréischtert, ier se zu deem Grad gemuele ginn, dee mir fir eise Cold Brew Coffee brauchen. Dëse Cold Brew gëtt dann mat eisem Opyos Luxembourg Dry Gin an Rouerzocker, wat zu enger wonnerbar ausgeglachener Palette vun Aromaen resultéiert, charakteriséiert duerch voll, fruuchteg Kaffi Nouten an duussen Wakelter Goût.

QTÉ

Coffee Gin Liqueur
Coffee Gin Liqueur
Coffee Gin Liqueur

Suggestiounen
& Imperdibile Dry Bitter Tonic