DRY GIN

PRODUKTIOUNS-
PROZESS

Opyos gëtt an enger traditioneller kofferner Brennanlag destilléiert. Dës Method erméiglecht et eis, eis lokal ugesidelt Inhaltsstoffer wärend dem Distillatiounsprozess vollstänneg zum Ausdrock ze bréngen. Fir d’Distillatioun vun eisem Gin brauche mir als éischt e Grondalkohol. Heifir verwende mir e neutralen Alkohol vun 96 % vol. Dësen ass komplett gerochs- a geschmaachsneutral, genau dat, wat mir brauchen, fir eis individuell Aromaen wärend der Distillatioun ze erhalen. Mir fëllen dësen Alkohol a Behälter, an deenen iwwer Nuecht een Deel vun eiser akribesch ausbalancéierter Botanicals-Mëschung mazeréiert gëtt. Op dës Weis hunn déi ënnerschiddlech Uelescher, Essenzen an Aromen genuch Zäit, fir sech z’entwéckelen. Den déifgräifende Geschmaach an de liewege Kierper vum finale Produit sinn op déi iwwerduerchschnëttlech Quantitéit vun den an der Mazeratioun verwennten Inhaltsstoffer zréckzeféieren.

Luxembourg Dry Gin

Luxembourg Dry Gin

D’Destillatioun ass d’Häerzstéck vum Prozess. D’Mazerat erwiermt sech lues op Siedetemperatur an den éischten Alkoholdamp klëmmt d’Brennkolonn erop a reagéiert mam Koffer. Op dëser Platz leeë mir Wäert op eng lues Destillatioun. Dëst dauert zwar méi laang, stellt awer ee kléngen, mee feinen Detail vun eisem Produktiounsprozess duer, den Dir spéider net nëmmen am Aromaprofil, mee och am Mondgefill vun eisem Gin erliewe wäert. No der Destillatioun ass den Gin gestresst a brauch e bëssen Rou. Am Duerchschnëtt huet hien elo 86 % vol a kritt insgesamt aacht Wochen, fir seng verschidden Aromaen ze vereenen an ee Ganzt ze bilden. De letzte Schrëtt virum Offëllen an d’Zougab vun entmineraliséiertem Waasser, fir den Gin op eis Drénkstärkt vun 44 % vol ze reduzéieren.

DEGUSTATIOUNS
NOUTEN

Luxembourg Dry Gin

NUES

Um Ufank dominéiert de Wakelter zesumme mat verschiddene Bieren- a Bléienouten. Den dono kommende frësche Geroch, ass op d’Zitrusfriichten zréckzeféieren. Zum Schluss droe batter a gehäaerzten Aromaen zur Komplexitéit bäi.

GOMM

Komplex, d’Aromae vun der Nuesspigelnd. Den am Ufank dominéierende Wakelter réckelt an den Hannergrond an hannerléist ee breeden, fruuchtegen a frësche Geschmaach mat Nuance vu Wierzt an enger gewësser Séisst.

OFGANG

Ofgerond an harmonesch. Den Hunneg, déi kräfteg Wierzt vum Wacholder an dem Koriander sou wéi d’Zitrusnoute verspriechen en intensiivt, mee agreabelt Erliefnes mat engem laang unhalenden Nogang.

ZERWÉIER
SUGGESTIOUN

Luxembourg Dry Gin

Dank sengem balancéierte Goût an dem agreabele Mondgefill léisst sech Opyos Luxembourg Dry Gin pur oder mat Eis genéissen. Wann Dir Iech awer fir ee klasseschen G&T entscheet, recommandéiere mir Iech ee mediterranen Tonic, den dat komplext Aromaprofil ofrënnt.

Luxembourg Dry Gin

OPYOS
LUXEMBOURG DRY GIN

41,90 € TTC
70 cl / 44% vol

Doduerch erhale mir eng wonnerbar ausbalancéiert Aromapalette, charakteriséiert duerch dezent Séissmandelnouten a verféieresch Fruuchtaromen, déi an hirer sametteger Textur sou wéi waarme mofe Faarwen zum Ausdrock kommen. Doraus resultéiert e London Dry Gin, dee sech bewosst duerch en atypesche Gerochs- a Geschmaachsprofil auszeechent, dat opgrond vu senger villschichteger Komplexitéit net just Gin Amateuren en onvergiesslecht Erliefnes erméiglecht.

QTÉ

Luxembourg Dry Gin
Luxembourg Dry Gin
Luxembourg Dry Gin

Suggestiounen
& Imperdibile Wild Botanical Tonic
& Imperdibile Pink Soda Tonic
Giftbox Dry Gin
Luxembourg Mini Dry Gin