PASTIS DE LUXEMBOURG

PRODUKTIOUNS-
PROZESS

Fir d’Hierstellung vun eisem Pastis de Luxembourg sinn eng suergfälteg Planung an eng zäitlech genau Ofstëmmung vun de Produktiounsprozesser vun ausseruerdentlecher Bedeitung. De Prozess fänkt mat der Selektioun vun den 11 Inhaltsstoffer vun eisem Rezept un, éier et zur Virbereedung vun hirer jeeweileger Verwendung kënnt. Verschiddener vun hinne ginn destilléiert, anerer länger macéréiert an nees anerer ginn béides. Fir d’Mazeratioun ginn déi ausgewielten aromatesch Planzen, Gewierzer a Kraider eenzel a Behälter gefëllt, déi neutralen Alkohol tëscht 20 a 60% vol enthalen. Et dauert puer Deeg, bis déi gewënschten Aromaen duerch den Alkohol extrahéiert sinn. D’Resultat sinn verschidden Infusiounen, déi alleguer hier ganz individuell Eegenschaften an hiren eegene Beitrag zum Endproduit hunn.

Pastis de Luxembourg

Pastis de Luxembourg

Niewent de verschiddenen Infusioune stelle mir een Destillat mëttels traditioneller Destillatioun an enger kofferner Brennanlag hier. Dës Prozedur erméiglecht et eis, déi verschidden Ueleger, Essenzen an Aromaen ze extrahéieren, déi an den aromatesche Planzen, Kraider a Gewierzer enthale sinn. D’Infusiounen an Destillat ginn da präzis zesummegeféiert, éiert no an no entmineraliséiert Waasser bäigefüügt gëtt, fir de Pastis op eng Drénkstäerkt vu 45% vol ze reduzéieren. Virun der Filtratioun loosse mir d’Mëschung puer Woche rouen, esou dass sech d’Sedimenter vun den Infusiounen um Buedem vum Tank sammele kënnen. Nodeems mir déi jeeweileg Charge degustéiert a validéiert hunn, gëtt den Zocker bäigefüügt an de Pastis ass prett fir an d’Fläschen ofgefëllt ze ginn.

DEGUSTATIOUNS
NOUTEN

Pastis de Luxembourg

NUES

Gréng kraideresch Nouten erënneren un Anis a frësche Fenschel a vervollstännegen sech duerch de wierzege Steranis, séisse Mokuch an Ukläng vu Kamomill.

GOMM

Zesummesetzung vun den ënnerschiddlechen Anisaromen a Verbindung mat den äerdege Séissholnoten, formen ee räichhaltege Gomme, wärend déi kraideresch Frëscht un geriwwen Zitrouneschuel erënnert.

OFGANG

Geschmaachsintensiv, déifgrënneg a bestänneg Anis- a Séissholnoten, zesumme mat unhalende frësche Fenschelaromen.

ZERWÉIER
SUGGESTIOUN

Pastis de Luxembourg

Fir de perfekten Drénkgenoss recommandéiere mir, 1 Volumen (2cl) Pastis de Luxembourg mat 3 bis 5 Volume Waasser ze mëschen. Wann Dir Äre Pastis léiwer op Äis drénkt, maacht d’Äiswierfel eréischt nom erausschëdde vum Waasser dobäi. Eise Pastis eegent sech am beschte bäi all Aperitif a kann och zu Fësch, Geméis oder Kéis zerwéiert ginn.

Pastis de Luxembourg

OPYOS
PASTIS DE LUXEMBOURG

29,91 € TTC
75 cl / 45% vol

Opyos Pastis de Luxembourg ass een handgemaachenen Anis Aperitif, inspiréiert un der franséischer Traditioun a verfeinert duerch eis experimentell handwierklech Destillatioun. Et handelt sech ëm eng Zesummestellung vun 11 verschiddenen aromatesche Planzen, Kraider a Gewierzer, déi lokal an uechter d’ganz Welt suergfälteg selektéiert goufen, fir eng erfrëschend douce an trotzdeem komplex Spirituose ze kreéieren.

QTÉ

Pastis de Luxembourg
Pastis de Luxembourg
Pastis de Luxembourg
Pastis de Luxembourg

Suggestiounen
Giftbox Pastis de Luxembourg