BEESY

LUXEMBOURG HONEY GIN

BEESY
LUXEMBOURG HONEY GIN

41,90 € TTC
50 cl / 30.5% vol

De Beesy Luxembourg Honey ass d’Resultat vun enger Kooperatioun tëscht Mellis an Opyos. Iwwer Méint hu mir getest, getüftelt an doru geschafft, wéi sech Hunneg an Gin zu engem harmonesche Produit verschmëlze léisst. Beesy ass de Versuch d’Begeeschterung fir d’Imkeren, déi een essentielle Bäitrag zum Schutz vun eiser heemescher Ëmwelt esou wéi Biodiversitéit, mat der Leidenschaft fir Spirituosen ze verbannen. D’Resultat ass eng Zesummeféierung vu séissen sou wéi blumesch-fruuchtegen Arome vum gold-gielen Nektar vun dëse fläissegen Insekten, mat de kräftegen an onverwiesselbaren Nuancë vum Wakelter vun eisem Opyos Navy Strength Gin. Eng wonnerbar ausbalancéiert Palette, gepräägt vun enger blimmeleger Séisst, enger liichter Wierz a cremeger Textur.

QTÉ

LUXEMBOURG HONEY GIN
LUXEMBOURG HONEY GIN
LUXEMBOURG HONEY GIN
LUXEMBOURG HONEY GIN

Suggestiounen
& Imperdibile Dry  Bitter Tonic

PRODUKTIOUNS-
PROZESS

D’Iddie fir d’Entwécklung vum Beesy Luxembourg Honey Gin huet säin Ursprong an der Frëndschaft zu Mellis, déi sech iwwert d’Joren ewech op lokale Mäert uechtert d’Land entwéckelt huet, wéi d‘Weeër vun eisen zwee Start-ups sech gekräizt hunn. Vue, dass Opyos priméierte Gin destilléiert, a Mellis alles wat mat Hunneg zedinn huet zu Gold mécht, hunn déi zwee kleng Produzenten sech dozou beschloss, hire Know-how ze kombinéieren, fir eppes Besonnesches ze kreéieren.

LUXEMBOURG HONEY GIN

LUXEMBOURG HONEY GIN

D’Kreatioun vum Beesy bréngt dat Bescht aus den zwou Welten zesummen, andeems mir eng Infusioun vun 100% lëtzebuergeschem Hunneg an eisem Opyos Navy Strength Gin vollzéien. Befiert mir den Hunneg an de Gin matenee bestueden, gëtt dëse liicht erhëtzt, fir een homogeent Verschmëlze vun deenen zwee Elementer ze erreechen. Wärend puer Méint loosse mir dësen Hunneg Gin sech harmoniséieren a räifen, befiert dës gold-giel Flëssegkeet säi Wee an d’Fläsch fënnt.

DEGUSTATIOUNS
NOUTEN

LUXEMBOURG HONEY GIN

NUES

Waarm blimmeleg Hunnegnouten a Kombinatioun mat holzegen an haarzegem Doft vun engem Nolebësch sinn am Ufank present, éier se lues a lues a wierzeg Wakelter- a frësch Zitrounenaromen iwwer ginn an déi éischt Impressioune vun eisem Navy Strength hannerloossen.

GOMM

Den Hunneg dominéiert am Ufank a suergt fir eng räichhalteg Séisst, wat zu enger angeneemer Viskositéit féiert an duerch waarm Gewierzer ënnerbrach gëtt an um Gumm Karamellaromen hannerléisst. Intensiv am Geschmaach, déifgrënneg an duuss.

OFGANG

Beandrockend Intensitéit, dominéiert vu blimmelegen a frëschen Hunnegnouten, déi een unhalenden Ofgang un Kraider hannerloossen. Déi wakelterbetounten Arome sinn unhalend, gekoppelt mat Arome vun Zitrusfriichten déi duerch eise klasseschen Opyos-Charakter ofgerënnt ginn.

ZERWÉIER
SUGGESTIOUN

LUXEMBOURG HONEY GIN

Beesy Luxembourg Honey Gin eegent sech fir all Geleeënheet. Wann Dir e klassesche G&T als Aperitif wëllt, mëscht 5cl Beesy mat Imperdibile Dry Bitter Tonic. Als Digestif genéisst een en am beschte bei Zëmmertemperatur oder gekillt op Äis.