Brewing Botanist Cask Aged Gin

PRODUKTIOUNS-
PROZESS

Fir d‘Geschicht vum The Brewing Botanist Cask Aged Gin verstoen ze kënnen, musse mer kuerz an d’Vergaangenheet vun Opyos reesen. Säin Ursprong fënnt dës Editioun am Joer 2019, wéi mir eisen éischte Béier a Kooperatioun mat Wolff Brewing Co, den The Brewing Botanist, an zwee lëtzebuergesch ,Holz vun Hei’ Eechenfässer geluecht hunn. Nodeems dëse Red Belgian Strong Ale no sechs Méint aus de Fässer geholl ginn ass, goufen dës op een neits mam selwechten Dry Gin befëllt. Dëse Virgang hu mir wärend 4 Joer, fir all Batch vum den The Brewing Botanist, widderholl.

The Brewing Botanist Cask Aged Gin

The Brewing Botanist Cask Aged Gin

4 Joer laang konnt den The Brewing Botanist Cask Aged Gin, deen an enger limitéierter Oplag vun zwou Barriquen hiergestallt gouf, déi besonnesch Charakteristiken vun den Eechenfässer an dem Red Belgian Strong Ale afänken an seng Nuancë vu Bergamotte, Kubebenpeffer esou wéi geréischtertem Holz zu enger bersteinfaarweger Flëssegkeet ausbalancéieren.

DEGUSTATIOUNS
NOUTEN

The Brewing Botanist Cask Aged Gin

NUES

Waarm a kräfteg Noute vu Malz, zesumme mat Nuance vu Kardamom a Neelcheskäpp, esou wéi Ukläng vu geschniddenem Hee a fruuchteg Téin vun enger Botterbier, déi duerch eng liicht Réischteraromatikofgerënnt ginn.

GOMM

De Gumm a gekennzeechent duerch exoteschAromaen u Banann an Ananas, suivéiert vun engem Hauch u Vanill, déi de Mond fëllenan eng ausbalancéiert, zaart esou wéi cremeg Textur vun engem Karamellflan hannerloossen.

OFGANG

Den Ofgang ass zaart, douce esou wéi ronn.Um Gumm bleiwen nosseg Aromaen, zesumme mat frëschen Zitrusnouten a liichtwierzegen Nuancë vum Wakelter.

ZERWÉIER
SUGGESTIOUN

The Brewing Botanist Cask Aged Gin

Eise The Brewing Botanist Cask Aged Gin ass net fir d’Mëschen mat engem Tonic gëeegent. Genéisst en léiwer pur, bäi Zëmmertemperatur oder op Äis mat enger Zeste Orange. Alternativ kënnt Dir et och mat engem Negroni probéieren. Cheers!

The Brewing Botanist Cask Aged Gin

OPYOS
THE BREWING BOTANIST CASK AGED GIN

49,90 € TTC
50 cl / 42% vol

Eisen The Brewing Botanist Cask Aged Gin ass déi véiert Editioun vun eiser 'Cask Aged' Serie an op 924 Fläsche limitéiert.Säin Ursprong fënnt dës Editioun am Joer 2019, wéi mir eisen éischte Béier a Kooperatioun mat Wolff Brewing Co, den The Brewing Botanist, an zwee lëtzebuergesch ,Holz vun Hei’ Eechenfässer geluecht hunn. Nodeems dëse Red Belgian Strong Ale no sechs Méint aus de Fässer geholl ginn ass, goufen dës op een neits mam selwechten Dry Gin befëllt. Dëse Virgang hu mir wärend 4 Joer, fir all Batch vum den The Brewing Botanist, widderholl.

QTÉ

The Brewing Botanist Cask Aged Gin
The Brewing Botanist Cask Aged Gin
The Brewing Botanist Cask Aged Gin