Geschicht

ALLES HUET MAT ENGER IDDI
A BÉIER UGEFAANG

D’Ekipp vun Opyos huet d’Welt vun de Spirituosen am Hierscht 2016 betratt. Eisen Gin huet als spontan Iddi tëscht dräi Kollegen ugefaangen, déi sech an engem Café – wou soss – ënnerhal hunn. Mir haten d’Gefill, datt mir am Begraff waren, eppes Besonnesches ze kreéieren. Eis Begeeschterung sou wéi innovativ a kreativ Iddien a Kombinatioun mat de wäertvollen Abléck an d’Aarbechtsweis vu lokalen Experten hunn et eis erméiglecht, e charaktervolle Produit z’entwéckelen.

LËTZEBUERG:
E LAND VOLL DÄLLER MAT MËTTELALTERLECHE SCHLÄSSER AN HISTORESCHE BONGERTEN

Aus dem am Oste vum Groussherzogtum Lëtzebuerg geleeënen Dall vun der Wäisser Iernz stament, ass Opyos Beverages stolz op seng ländlech Regioun, déi fir hire Räichtum un alen Uebstzorten an déi charakteristesch Bongerte geschätzt gëtt. D’Observatioun, datt dat fréier traditionellt Brenne vun dëse Friichten an héichprozentegt Gedrénks no a no verschwënnt, huet eis dräi op eng Iddi bruecht. De Wonsch dës Traditioun mëttels moderner Interpretatioun nei opliewen ze loossen, ass d’Motivatioun fir eis deeglech Aarbecht. Eisen Usproch lokal Inhaltsstoffer ze verwennen, verleet eise Kreatiounen en eenzegaartege lëtzebuergesche Charakter. Den onverwiesselbare Goût vun Opyos wuerzelt an enger feiner Ofstëmmung tëscht heemesche Botanicals a produkttypeschen Inhaltsstoffer. D’Resultat ass eng um Groussherzogtum Lëtzebuerg inspiréiert exklusiv Produktlinn kombinéiert mat de kraaftvollen Aromae vum lokalen Territoire.

Hi

D’KONSCHT VUN DER
DISTILLATIOUN

Et ass eist Zil, Produiten ze konzipéieren, déi grondsätzlech anescht sinn. Konsequent gi mir dëse Wee mëttels der Feinofstëmmung vun eisem Produktiounsprozess, an dem all eenzele Parameter präzis ausbalancéiert ass.

THE PHILOSOPHY OF INGREDIENTS

D’PHILOSOPHIE VUN DEN INHALTSSTOFFER

Eis Produite resultéieren aus héichqualitativen Inhaltsstoffer, charakteriséiert duerch eng harmonesch Verschmëlzung vun handverliesene lokalen a genretypeschen Inhaltsstoffer.

DISTILLATIOUN – D’HÄERZSTÉCK VUM PROZESS

D’Maîtrise vum Distillatiounshandwierk ass d’Viraussetzung fir d’Entwécklung vu Produite wéi eisen. Déi progressiv Erwiermung vum kofferne Brennkessel an d’Extraktioun vun den Aromaen droen zu engem agreable Mondgefill, sou wéi zu engem fillbar doucen an onverwiesselbare Goût vun der Opyos-Produktlinn bäi.

DISTILLATION – THE HEART OF THE PROCESS

THE MATURING PROCESS – THE PHASE OF HARMONISATION

DE RÄIFUNGSPROZESS – D’PHASE VUN DER HARMONISÉIERUNG

All eis Produite raschte wärend e puer Méint, sou datt hir aromatesch Noute genuch Zäit hunn, fir sech mateneen ze verbannen. D’Gärungszäit vun de Spirituosen erméiglecht et hinnen, de Stress vun der Distillatioun ze iwwerwannen an eng Harmoniséierung vun allen Aromen zu engem kohärenten Assemblage ze vollzéien.

D’HIERSTELLUNG VUN ALL EENZELER FLÄSCH

All eenzel Fläsch duerchleeft mindestens fënnef mol eis Hänn. Am leschte Schrëtt erhalen all d’Fläschen eng handgeschriwwen an eenzegaarteg Nummer. Mir si stolz behaapten ze kënnen, datt all Fläsch wierklech handgemaacht ass.

THE CRAFTING OF EVERY SINGLE BOTTLE