VERMOUTH ROUGE DE LUXEMBOURG

PRODUKTIOUNS-
PROZESS

Fir d’Hierstellung vum Vermouth Rouge de Luxembourg ass eng suergfälteg Planung an eng zäitlech genau Ofstëmmung vun de Produktiounsprozesser vun ausseruerdentlecher Bedeitung. Eise Vermouth Rouge de Luxembourg ass eng Kompositioun aus Wäin a Kraidertinkturen. De Prozess fänkt mat der Auswiel vum gëeegente wäissen a roude Wäin un, éier eng Selektioun vun de gewënschten aromatesche Kraider, Wuerzelen, Bléien a Friichte stattfënnt. Fir d’Hierstellung vun den Tinkture ginn déi ausgewielten Inhaltsstoffer zesumme mat Alkohol a Waasser fir ënnerschiddlech laang Zäit a bei ënnerschiddlech héijen Alkoholgehalter an eenzele Behälter mazeréiert. Dëst Extraktiounsprozedur erméiglecht et, dass déi an de Kraider, Wuerzelen, Bléien a Friichten enthalen Aromen, Essenzen, etheresch Ueleger a Faarwen, vun der Alkohol-Waasser-Léisung opgeholl ginn.

Vermouth Rouge de Luxembourg

Vermouth Rouge de Luxembourg

Jee nodeems wat een aus den Inhaltsstoffer extrahéiere wëll, gëtt d’Zäit an den Alkoholgehalt verännert. Nom Ofschloss vun der Mazeratiounsphase ginn déi eenzel Inhaltsstoffer liicht gepresst a filtréiert. D’Resultat si verschidden Tinkturen, déi alleguer hir ganz individuell Eegenschaften an hiren individuelle Bäitrag zum Endprodukt leeschten. Sinn de Wäin an Tinkture bereet, kënnt et zur präziser Zesummeféierung vun all de Komponenten, an Zocker gëtt der Mëschung bäigesat. Hunn sech all d’Elementer harmonesch matenee bestuet, gëtt de Vermouth filtréiert an d’Charge degustéiert a validéiert, éier Vermouth Rouge de Luxembourg prett fir d’Afëllen ass.

DEGUSTATIOUNS
NOUTEN

Vermouth Rouge de Luxembourg

NUES

Gefëllt vu Menthol a Wermutkraut, begleet vu wierzegem Salbei an engem Hauch vu blimmelegem Doft aus Rousen, Hielenner- an Enzianbléien. Ofgerënnt gëtt dat Ganzt duerch unhalend frësch Zitrounen- an Orangenaromen.

GOMM

Den éischten Androck ass markéiert vun enger subtil aromatescher Wierz, déi un Neelcheskäpp, Koriander an een Hauch un Muskot erënnert. Doropshi fënnt een Arome vu séissen Orangëschuelen an Äerdbier um Gomme, déi duerch d’Saier aus dem Wäin ergänzt ginn.

OFGANG

Bemierkenswäert angeneem Längt am Mond, déi duerch Arome vu Menthe, Eukalyptus an Enzianwuerzel bestëmmt gëtt an an engem batterséissen Ofgang endegt, markéiert vun enger angeneemer Frëschheet.

ZERWÉIER
SUGGESTIOUN

Vermouth Rouge de Luxembourg

Genéisst den Opyos Vermouth Rouge de Luxembourg puer oder mat Äiswierfel, garnéiert mat enger Tranche Orange. Den Amateur vum batterséissen italienesche Klassiker kann et och mat engem Negroni versichen. Cheers!

Vermouth Rouge de Luxembourg

OPYOS
VERMOUTH ROUGE DE LUXEMBOURG

26,90 € TTC
75 cl / 18% vol

Opyos Vermouth Rouge de Luxembourg ass een handgemaachenen Aperitif, inspiréiert un der italienescher Traditioun vun Turin. Et handelt sech ëm eng Zesummesetzung aus wäissem a roudem Wäin, dee mat ënnerschiddlechen Infusiounen, hiergestallt aus Kraider, Wuerzelen, Bléien a Friichten, aromatiséiert gëtt. D’Resultat ass eng rubin-rout schimmernd Flëssegkeet, där hier Balance tëscht Batternouten, Séisst, Fruuchteg- a Sprëtzegkeet, eng erfrëschend an dach komplex Erfarung bitt.

QTÉ

Vermouth Rouge de Luxembourg
Vermouth Rouge de Luxembourg
Vermouth Rouge de Luxembourg
Vermouth Rouge de Luxembourg