NAVY STRENGTH GIN

& Imperdibile Wild Botanical Tonic

OPYOS NAVY STRENGTH GIN
& IMPERDIBILE WILD BOTANICAL TONIC

51,90 € TTC
50 cl & 8x 20 cl / 57% vol

- 1 Fläsch Opyos Navy Strength Gin
- 12 Fläschen 20cl Imperdibile Wild Botanical Tonic

QTÉ

Navy Strength Gin
Navy Strength Gin
Navy Strength Gin
Navy Strength Gin

Suggestiounen
Navy Strength Gin
Giftbox Navy Strength Gin
Mini Navy Strength Gin

PRODUKTIOUNS-
PROZESS

D’Iddie, een Navy Strength Gin hierzestellen, koum eis an de Sënn, wéi mir eis eng zimlech einfach Fro gestalt hunn: „Wéi géing eisen Dry Gin schmaachen, wa mir den Undeel u Wakelter drastesch erhéijen géingen?“, vue dass de Wakelter net esou markant ass, wéi dat bei engem klasseschen Dry Gin de Fall ass (dofir och den Numm Luxembourg Dry Gin). D’Experimentéiere mat der kontinuéierlecher Erhéijung vun der Quantitéit u Wakelter huet säi Laf geholl an déi éischt interessant Erkenntnisser iwwert d’Verännerung an d’Entwécklung vun eisem Gin konnten an Erfarung bruecht ginn. Nodeems mir festgestallt hunn, dass déi zousätzlech Portioun u Wakelter besonnesch gutt zu engem méi héijen Alkoholgehalt passt, hu mir eis dofir entscheet, doraus een Navy Strength Gin ze maachen.

Navy Strength Gin

Navy Strength Gin

Opyos Navy Strength Gin gëtt duerch d’Bäimësche vun enger zousätzlecher Portioun un Wakelterfriichten an eis klassesch Dry Gin-Rezeptur hiergestallt, esou wéi mat engem méi héijen Alkoholgehalt ofgefëllt, fir déi gesamt Aromatik vum Wakelter ze erfaassen. Wéi ëmmer gëtt och dëse Produit a klenge Chargë produzéiert a kombinéiert eisen eenzegaartege botanesche Bouquet mat enger vollmundeger Palette u Wakeltergoût, déi duerch häerzhaft Noute vu Piniennolen sou wéi wierzeg Zitrusnouten ausbalancéiert ginn, wärend e gläichzäiteg eng frësch Wäermt stimuléiert.

DEGUSTATIOUNS
NOUTEN

Navy Strength Gin

NUES

Kräfteg Wakelterfriichten an den Doft vun engem Nolebësch no engem Reen hiewe sech mat Nodrock ervir. Uschléissend ronnen Hunnegnouten a frësch Zitrusdëft déi éischt Andréck vun eisem Navy Strength Gin of.

GOMM

Déi onverkennbar Aromaen um Gomme sinn nach méi komplex wéi déi olfaktoresch Andréck. Déi vum Wakelter geleeten Aromae ginn duerch rout Friichte wéi Spackelter a Päerdsbier, verstäerkt, ergänzt duerch eng Holznout an ofgerënnt duerch de Charakter vun eisem klasseschen Dry Gin.

OFGANG

Räich un Aromaen, déifgräifend an iwwerraschend douce.

ZERWÉIER
SUGGESTIOUN

Navy Strength Gin

De richtegen Gin-Enthusiast genéisst eisen Opyos Navy Strength Gin am beschte pur oder op Äis. Wann Dir iech fir ee klassesche G&T entscheet an trotzdeem d’Wakelter-Betounung wënscht, da mëscht 4 cl Navy Strength Gin mat 20 cl Imperdibile Wild Botanical Tonic Water. Anerefalls probéiert eise Gimlet oder ee perfekt balancéierten Dry Martini.