BOTTLED COCKTAILS

FURRI

NORDSTAD
FURRI

24,90 € TTC
50 cl / 15% vol

Richteg Cocktail Momenter – Ouni Kompromëss – Ouni Opwand!
Den Nordstad Furri ass e Cocktail, deen am Kader vum Nordstad-Projet Liewensmëttelpunkt kreéiert gouf. E vereenegt d’handwierklecht Kënnen an déi héichwäerteg Ingredient‘en aus eiser Regioun. Déi ausbalancéiert Kombinatioun tëscht dem Opyos Luxembourg Sloe Gin, dem Kréischelsirop vun der Eppelpress, dem schwaarze Cassis-Äistéi vun Ortea an dem Beesy Luxembourg Honey Gin verleeden dem Cocktail eng aromatesch Déift an Harmonie.
D’Resultat ass e perfekt ofgestëmmte „ready to drink“ Cocktail, deen duerch subtil Aromen vu roude Friichten, eng fein Séisst a spannend Kräidernouten iwwerzeegt.

ELO KAAFEN

OPYOS
ROSEHIP NEGRONI

24,90 € TTC
50 cl / 28% vol

Richteg Cocktail Momenter – Ouni Kompromëss – Ouni Opwand!
Den Negroni ass een absolutten italieenesche Klassiker ënnert de Gin Cocktailer. Eisen Opyos Rosehip Negroni ass eng individuell Interpretatioun, déi den Usproch vun enger feiner Balance tëscht lokalen, cocktailtypeschen esou wéi op kulinaresche Reesen entdeckten Ingrediente verfollegt.
Den Opyos Rosehip Negroni ass eng Zesummesetzung aus eisem mat Spackelter mazeréiertem Dry Gin, eisem Opyos Vermouth Rouge de Luxembourg esou wéi dem Aperitivo vun eise Frënn aus der Brennerei Bordiga zu Cuneo am italieenesche Piemont. D’Resultat ass een „ready to drink“ Cocktail, deen sech duerch déi villschichteg Komplexitéit vun eisem Dry Gin, engem Hauch u floralen Téin vun der Mazeratioun vum Spackelter, der Séisst an den herbalen Notte vun eisem Vermouth Rouge de Luxembourg, esou wéi vu liicht batteren Aromae vum Aperitivo auszeechent.

ELO KAAFEN
Rosehip Negroni
Genepy Sloe Gimlet

OPYOS
GENEPY SLOE GIMLET

24,90 € TTC
50 cl / 22% vol

Richteg Cocktail Momenter – Ouni Kompromëss – Ouni Opwand!
De Gimlet ass een absolutte Klassiker ënnert de Gin Cocktailer. Eisen Opyos Genepy Sloe Gimlet ass eng individuell Interpretatioun, déi den Usproch vun enger feiner Balance tëscht lokalen, cocktailtypeschen esou wéi op kulinaresche Reesen entdeckten Ingrediente verfollegt.
Den Opyos Genepy Sloe Gimlet ass eng Zesummesetzung aus eisem Opyos Luxembourg Sloe Gin, enger eegens hiergestallter Tinktur aus der alpiner Planz Genepy, frëschem Zitrounejus esou wéi Rouerzocker. D’Resultat een „ready to drink“ Cocktail, deen sech duerch dezent Séissmandelnouten a verféieresch Fruuchtaromen vun eisem Sloe Gin, esou wéi komplexen Kraideraromen vum Genepy charakteriséiert.

ELO KAAFEN

OPYOS
ELDERFLOWER GIN SOUR

24,90 € TTC
50 cl / 28% vol

Richteg Cocktail Momenter – Ouni Kompromëss – Ouni Opwand!
Wéi bäi engem klassesche Sour, verfollegt och eisen Opyos Elderflower Gin Sour de Grondprinzip vun enger Spirituos, Séisst & Saier, ass allerdéngs wéi all eis „Bottled Cocktails“ eng individuell Interpretatioun, déi den Usproch vun enger feiner Balance tëscht lokalen a cocktailtypeschen Ingredienten an de Fokus stellt.
Den Opyos Elderflower Gin Sour ass eng Zesummesetzung aus eisem Opyos Luxembourg Dry Gin, dem Hielennersirop vun eise Frënn aus der Eppelpress, frëschem Zitrounejus a Rouerzocker. D’Resultat ass een „ready to drink“ Cocktail, deen sech duerch eng fei Balance vun de charakteristeschen Aromae vun eisem Dry Gin, engem séiss-saueren Zesummespill tëscht dem Zitrounejus an dem Zocker esou wéi exoteschen a liicht batteren Aromaen auszeechent.

ELO KAAFEN
Elderflower Gin Sour
Bottled Cocktails Package

OPYOS
BOTTLED COCKTAILS PACKAGE

69,90 € TTC
3 x 50 cl / 28% vol

Richteg Cocktail Momenter – Ouni Kompromëss – Ouni Opwand!
1x Opyos Rosehip Negroni (50cl, 28% vol)
1x Opyos Genepy Sloe Gimlet (50cl, 22% vol)
1x Opyos Elderflower Gin Sour (50cl, 28% vol)

ELO KAAFEN