Rosehip Negroni

Rosehip Negroni

OPYOS
ROSEHIP NEGRONI

24,90 € TTC
50 cl / 28% vol

Richteg Cocktail Momenter – Ouni Kompromëss – Ouni Opwand!
Den Negroni ass een absolutten italieenesche Klassiker ënnert de Gin Cocktailer. Eisen Opyos Rosehip Negroni ass eng individuell Interpretatioun, déi den Usproch vun enger feiner Balance tëscht lokalen, cocktailtypeschen esou wéi op kulinaresche Reesen entdeckten Ingrediente verfollegt.
Den Opyos Rosehip Negroni ass eng Zesummesetzung aus eisem mat Spackelter mazeréiertem Dry Gin, eisem Opyos Vermouth Rouge de Luxembourg esou wéi dem Aperitivo vun eise Frënn aus der Brennerei Bordiga zu Cuneo am italieenesche Piemont. D’Resultat ass een „ready to drink“ Cocktail, deen sech duerch déi villschichteg Komplexitéit vun eisem Dry Gin, engem Hauch u floralen Téin vun der Mazeratioun vum Spackelter, der Séisst an den herbalen Notte vun eisem Vermouth Rouge de Luxembourg, esou wéi vu liicht batteren Aromae vum Aperitivo auszeechent.

QTÉ

Rosehip Negroni
Rosehip Negroni
Rosehip Negroni