Elderflower Gin Sour

Elderflower Gin Sour

OPYOS
ELDERFLOWER GIN SOUR

24,90 € TTC
50 cl / 28% vol

Richteg Cocktail Momenter – Ouni Kompromëss – Ouni Opwand!
Wéi bäi engem klassesche Sour, verfollegt och eisen Opyos Elderflower Gin Sour de Grondprinzip vun enger Spirituos, Séisst & Saier, ass allerdéngs wéi all eis „Bottled Cocktails“ eng individuell Interpretatioun, déi den Usproch vun enger feiner Balance tëscht lokalen a cocktailtypeschen Ingredienten an de Fokus stellt.
Den Opyos Elderflower Gin Sour ass eng Zesummesetzung aus eisem Opyos Luxembourg Dry Gin, dem Hielennersirop vun eise Frënn aus der Eppelpress, frëschem Zitrounejus a Rouerzocker. D’Resultat ass een „ready to drink“ Cocktail, deen sech duerch eng fei Balance vun de charakteristeschen Aromae vun eisem Dry Gin, engem séiss-saueren Zesummespill tëscht dem Zitrounejus an dem Zocker esou wéi exoteschen a liicht batteren Aromaen auszeechent.

QTÉ

Elderflower Gin Sour
Elderflower Gin Sour
Elderflower Gin Sour