PINOT NOIR CASK AGED GIN

Pinot Noir Cask Aged

OPYOS
PINOT NOIR CASK AGED

49,90 € TTC
50 cl / 45% vol

QTÉ

Pinot Noir Cask Aged
Pinot Noir Cask Aged
Pinot Noir Cask Aged

PRODUKTIOUNS-
PROZESS

Wéi scho bäi eiser leschter Ausgab hunn mir eis och dëste Kéier d’Zil gesat, d’Editioun 2020 esou lokal ewéi méiglech ze gestalten, andeems mir eise klasseschen Dry Gin als éischt an Holzfässer aus lëtzebuergescher Eesch aus de Bäerdrefer Becher räife gelooss hunn. Dës mëttelstaark geréischtert Fässer verleeden der Spirituos eng zousätzlech Komplexitéit a verstäerken de Geschmaach no frësche Gewierzer, äerdeschen a liicht gereecherten Nouten.

Pinot Noir Cask Aged

Pinot Noir Cask Aged

Dorun uschléissend gouf de Gin an een neit opbereetend Pinot Noir Faass vum „Domaine Henri Ruppert“ iwwerféiert, fir déi elementar Charakteristik vum Pinot Noir ze erfaassen, déi sech duerch geréischtert Gewierzer, aromatesch Neelcheskäpp an eng donkel Bernsteinfaarf auszeechnen.

DEGUSTATIOUNS
NOUTEN

Pinot Noir Cask Aged

NUES

Waarm a kräftege Noute vun donkelen a roude Bieren, zesumme mat frësch gemuelenem schwaarze Peffer an Nuancë vun Zitrusfriichten, déi duerch eng liicht Réischteraromatik ofgerënnt ginn.

GOMM

An der Nues spigelen sech am Ufank wierzeg a peffereg Aromaen zeréck, suivéiert vun enger cremeger karamellaarteger Struktur mat Nouten vu Korinten, déi de Gomm fëllen an eng seideg Textur hannerloossen.

OFGANG

Een Hauch vun äerdegen Noute vermëscht sech mat blummegen Aromae vun Hunneg an hannerléisst een laang unhalenden Ofgang den un Botterkaramell erënnert.

ZERWÉIER
SUGGESTIOUN

Pinot Noir Cask Aged

Eise Pinot Noir Cask Aged Gin ass net fir d’Mëschen mat engem Tonic gëeegent. Genéisst en léiwer pur, bäi Zëmmertemperatur oder op Äis mat enger Zeste Orange. Alternativ kënnt Dir et och mat engem Spiced Gin & Juice oder Negroni probéieren. Prost!