CHARDONNAY CASK AGED GIN

Chardonnay Cask Aged

OPYOS
CHARDONNAY CASK AGED

49,90 € TTC AUSVERKAAFT
50 cl / 45% vol

Dëse Produit ass ee limitéierte Release an ausverkaaft. E gëtt net nach emol produzéiert.


Chardonnay Cask Aged
Chardonnay Cask Aged
Chardonnay Cask Aged

PRODUKTIOUNS-
PROZESS

Mir hunn eis zum Zil gesat, d’Editioun 2019 esou lokal ewéi nach ni ze gestalten, andeems mir eise klasseschen Dry Gin als éischt an Holzfässer aus lëtzebuergescher Eesch aus de Bäerdrefer Becher räife gelooss hunn. Dës mëttelstaark geréischtert Fässer verleeden der Spirituos eng zousätzlech Komplexitéit a verstäerken de Geschmaach no frësche Gewierzer, äerdegen a liicht gereecherten Nouten.

Chardonnay Cask Aged

Chardonnay Cask Aged

Dorun uschléissend gouf de Gin an nei opbereete Chardonnay-Fässer aus der „Maison Viticole Schmit-Fohl“ iwwerféiert, fir déi elementar Charakteristik vum Chardonnay ze erfaassen, déi sech duerch geréischtert Nuancen u Friichten, wierzegen Hieselnëssaromaen an enger klorer Bernsteinfaarw auszeechnen.

DEGUSTATIOUNS
NOUTEN

Chardonnay Cask Aged

NUES

Frësch a villfälteg Zitrusnouten dauchen um Ufank op, suivéiert vun engem Hauch Nougat a Vanill, déi duerch ee flott agebaute Réischteraroma ergänzt gëtt.

GOMM

Komplex, bal séiss, eng cremeg Textur, kandéiert Zitrusaromae si präsent, ofgeronnt duerch Noute vu getoaster Eech a gepefferter Schäerft.

OFGANG

Ee laang unhalenden a botteregen, bal Chardonnay-aartegen Ofgang, deen sech duerch Aromae vu Wakelter, getoaster Eech an Hieselnëss auszeechent.

ZERWÉIER
SUGGESTIOUN

Chardonnay Cask Aged

Eise Chardonnay Cask Aged Gin ass net fir d’Mëschung mat engem Tonic gëeegent. Genéisst en léiwer pur, bäi Zëmmertemperatur oder op Äis mat enger Zeste Orange. Alternativ kennt Dir et och mat engem Old Fashioned oder Negroni probéieren. Prost!