Den Hierstellungsprozess vum Opyos Luxembourg Sloe (lëtz. Schléiwen) Gin huet am Oktober 2018 mat Abroch vum éischte Frascht ugefaangen. Dëse Frascht reduzéiert d’Batterkeet vun de Schléiwen a mécht se wéinstens e bësse genéissbar. No der Lies ginn d’Bieren zesumme mam biologesche Rouerzocker wärend Méint an eisem priméierten Opyos Luxembourg Dry Gin mazeréiere gelooss. Dës laang Zäitspan erméiglecht et dem Gin, an d’Bieren anzedréngen an all wichteg Komponenten aus der Schuel, dem Fleesch an dem Kär z’extrahéieren.
No der Maceratioun ginn di ageweecht Schléiwe virsiichteg gepresst, fir datt de gesamten Aroma, d’Mondgefill an d’Faarw vun dëse kléngen onscheinbare Bieren erhale bléift. Tëscht dem Pressen an dem Afëlle vum Sloe Gin leien nees méi Wochen, fir datt sech e Groussdeel vum Sediment um Buedem vum Tank sammelt. Virum Afëlle vun dësem Likör mat 26 % vol kënnt et weder zur Kalfiltratioun nach zum Bäifüge vu kënschtlechen Inhaltsstoffer.
D’Nues ass voll mat zeidege Biere gemëscht mat subtille Kiischtenaromaen an engem Hauch Séissmandelgoût. Dono kommen d’Zitrusnouten an déi fir eisen Opyos Luxembourg Dry Gin charakteristesch Frëscht.
Eng wonnerbar Spigelung vun den olfaktoreschen Andréck, kombinéiert mat enger séisser samettener Textur. Donkel Bëschfriischten, Sauerkiischten, en Hauch vu Wierzt um Ufank, dono liicht Mandelaromaen.
Bemierkenswäert Intensitéit, déi sech duerch séiss, zeideg, donkel Friichten an eng sametten Textur auszeechent. E waarmt Gefill, ënnerstrach vu frëschen Zitrusschuelen an der onverkennbarer Opyos Luxembourg Dry Gin Charakteristik, déi d’Erliefnes ofrënnt a säi laang unhalenden Nogang präägt.
Eisen Opyos Luxembourg Sloe Gin léisst sech gekillt oder op Eis genéissen. Wann Dir Iech fir ee klasseschen G&T entscheet, sinn déi sametten donkel Friichtenaromaen am beschte mat engem zitrushaltegen Tonic ze kombinéieren, den de gesamte Geschmaachsprofil offebart. Wann Dir en e bëssen aneren Aperitif wëllt, gitt 5 cl vun eisem Sloe Gin bei Äre Crément an Dir erhaalt eng perfekt Kombinatioun aus Saier a Séisst.