CASK AGED GIN

Cask Aged Gin

OPYOS
CASK AGED GIN

49,90 € TTC AUSVERKAAFT
50 cl / 45% vol

Dëse Produit ass ee limitéierte Release an ausverkaaft. E gëtt net nach emol produzéiert.


Cask Aged Gin
Cask Aged Gin
Cask Aged Gin

PRODUKTIOUNS-
PROZESS

Verwennt hu mir Oloroso Sherryfässer fir de staarke Kierper an déi nosseg Fruucht, nei kaukasesch Eech fir déi fein detailléiert Vanill- a Karamellaromaen sou wéi gebrauchte Wäifässer aus Lëtzebuerg, fir dem Wiese vun eisem lëtzebuergeschen Territoire Ausdrock ze verleeën. Den eemolege Bouquet vun eisem Opyos Luxembourg Dry Gin verschmëlzt mat den ënnerschiddlechen Eegenschafte vun den Eechenholzfässer a kritt sechs Méint Zäit, fir en harmonescht Destillat ze bilden. Ier mir en mat 47 % vol afëllen, kënnt et weder zur Kalfiltratioun nach zum Bäifüge vu kënschtlechen Inhaltsstoffer.

Cask Aged Gin

DEGUSTATIOUNS
NOUTEN

Cask Aged Gin

NUES

Ugefaange mat frëschen a komplexen Aromaen, wéi Vanill a kandéierter Orangëschuel, sou wéi peffereg Nouten, déi all vum Holz stamen. Suivéiert vun hellen, klassesche Wakelter- a Korianderaromaen.

GOMM

Éischter fett a bottereg. Ofgeronnt gëtt d’Wierzt duerch déi holzeg Nouten, mat engem agreabele fir eisen Opyos Luxembourg Dry Gin charakteristeschen Ofgang.

OFGANG

Een nach méi aromatescht a méi laang unhalend Erliefnes wéi bei eisem Dry Gin kann hei genoss ginn. En Hauch vun Hieselnëss an Akzenter vu verschiddene Kraider reegen zu engem besonneschen Ofgang un.

ZERWÉIER
SUGGESTIOUN

Cask Aged Gin

Wéi bei eisem Dry Gin recommandéieren mir Iech dëse pur oder mat engem grousse Stéck Eis ze zerwéieren. E schmaacht och gutt mat Ginger Beer oder an engem Cocktail.