APPLE QUINCE GIN LIQUEUR

& IMPERDIBILE WILD BOTANICAL TONIC


48,89 € TTC
50 cl & 8x 20 cl / 26% vol

QTÉ

APPLE QUINCE GIN LIQUEUR
APPLE QUINCE GIN LIQUEUR
APPLE QUINCE GIN LIQUEUR
APPLE QUINCE GIN LIQUEUR

Suggestiounen
APPLE QUINCE GIN LIQUEUR

PRODUKTIOUNS-
PROZESS

D’Iddie fir den Opyos Apple Quince Gin Liqueur entstoung spontan bei der Hierstellung vun eisem saisonalen Opyos Glühgin. Fir dëse wanterleche Produit brauche mir de Just vun den handgepléckten Äppel aus den traditionelle Bongerten ëm den Eck. Gepresst ginn d’Friichten am Nopeschduerf bei der Eppelpress, wou nierwend dem Jus och Äppeltrester ufält. Fir d’Produktioun vun eisem Glühgin een Offallproduit, spillt den Trester bei eiser neier Kreatioun eng zentral Roll.

APPLE QUINCE GIN LIQUEUR

APPLE QUINCE GIN LIQUEUR

Iwwert puer Méint hu mir den Äppeltrester an eisem Dry Gin mazeréiert, befiert dësen erausgeholl an d’Joer drop mat Quiddejus vermëscht gouf. Nodeems sech all d’Arome matenee bestuet hunn, gëtt dem Opyos Apple Quince Gin Liqueur Rouerzocker bäigemëscht, befiert e mat 26% vol an d’Fläsche gefëllt gëtt.

DEGUSTATIOUNS
NOUTEN

APPLE QUINCE GIN LIQUEUR

NUES

D’Nues ass gepräägt mat kräftegen Arome vun zeidege gielen Äppel esou wéi vu fruuchtegen Notte vum frësche Quiddejus. Dono kommen d’Zitrusnouten an déi fir eisen Opyos Luxembourg Dry Gin charakteristesch Wierz.

GOMM

Eng wonnerbar Spigelung vun den olfaktoreschen Andréck, kombinéiert mat enger séisser sametteger Textur. D’Séier vun den Äppel leet sech iwwert d’Zong, reegt de Späichelfloss un a léisst déi fruuchteg sou wéi frësch Arome vun de Quidden zum Virschäi kommen, gefollegt vu liicht wierzegen Notten.

OFGANG

Bemierkenswäert Intensitéit, déi sech duerch séiss a liicht Taninner vum Äppeltrester gekennzeechent ass. Déi subtil Batterstoffer vum Trester triede lues a lues an den Hannergrond, ginn den Zitrusnoute vum Dry Gin de Raum sech ze entfalen a gi vun de wierzegen Aromen ofgerënnt.

ZERWÉIER
SUGGESTIOUN

APPLE QUINCE GIN LIQUEUR

Den Opyos Apple Quince Gin Liqueur ass entwéckelt gi fir bei all Occasioun ze passen. Wann Dir e klassesche G&T wëllt, mëscht 5cl Apple Quince Gin Liqueur mat Imperdibile Wild Botanical Tonic. Den Amateur vun engem liicht schäerfen Aperitif, kann en och mat Imperdibile Ginger Beer mëschen. Als Digestif gëtt en am beschte bei Zëmmertemperatur oder op Äis genoss. Cheers!