CITRUS & ELDERFLOWER GIN LIQUEUR

Produktiouns-
prozess

Den Hierstellungsprozess vun eisem Opyos Citrus & Elderflower Gin Liqueur huet am Mee 2019 ugefaangen. Well mir fir d’Destillatioun vun eisem klasseschen Dry Gin just d’Schuele vu frësche Grapefruits notzen, hu mir ëmmer grouss Quantitéiten u perfekte Grapefruits op Stock, fir déi mir versiche kreativ Iddie zur d’Réutilisatioun ze fannen. Dës Kéier hu mir eis iwwerluecht, ee Gin-Likör aus Grapefruitjus hierzestellen, deen als frësch an zimmlech batter Basis fir eise Citrus & Elderflower Gin Liqueur déngt.

Fir dëst auszegläichen, hu mir eis op d’Sich no enger lokaler Komponent gemaach, déi mat dëser Batterkeet konkurréiere kann. Dëst huet eis zu eisem Nooper gefouert, der Eppelpress, déi aus heemeschen Hielennerbléie Sirop hierstellen. Mir hunn déi zwou Komponente mat eisem klasseschen Dry Gin verbonnen an hunn em eng Rei u Méint Zäit gin, fir dass sech de gréissten Deel vum Sediment ënnen um Buedem vum Tank sammelt. Virum Afëlle vun dësem Likör mat 19 % vol kënnt et weder zur Kalfiltratioun nach zum Bäifüge vu kënschtlechen Inhaltsstoffer.

Degustatiouns-
nouten

Nues

D’Nues ass héisch aromatesch, eng Kombinatioun aus Hielennerbléien, déi sech mat frëschen Zitrusnoute vermëschen, vu blummegen Nouten dominéiert gin an ee breet Profil un Fréijoersgerécher hannerloossen.

Gomm

Eng wonnerbar Spigelung vun den olfaktoreschen Andréck. Den éischten Androck presentéiert sech éischter séiss, da gëtt en vun enger knackeger Séier an engem Hauch vu Batterkeet iwwerlagert, déi op de Grapefruitjus zeréckzeféieren ass.

Ofgang

Een dicht Geschmaachsprofil dominéiert fir ee Moment Äre Gomm. Den Ofgang ass eng unhalend Mëschung aus séiss a batter, charakteriséiert duerch déi klassesch Aromae vun eisem Dry Gin.

Suggestioun

Eisen Opyos Citrus & Elderflower Gin Liqueur léisst sech gekillt oder op Eis genéissen. Wann Dir Iech fir ee Longdrink entscheet, drénkt en sech am beschte mat engem Ginger Beer, den de gesamte Geschmaachsprofil offebart. Wann Dir en e bëssen aneren Aperitif wëllt, gitt 6 cl vun eisem Gin Liqueur bei Äre Crément an Dir erhaalt eng perfekt Kombinatioun aus Saier a Séisst.

You must be 18 years old to visit this site.

Please verify your age