CASK AGED GIN

Cask Aged
Gamme

Eisen Opyos Cask Aged Gin ass ee jäerlech, – ënnert streng limitéierter Oplag -, erschéngende faassgelagerte Gin. Déi gemeinsam Charakteristik vun dëser exklusiver Gamme, – déi sech am Verlaf vun de Joren entwéckelt huet -, ass d’Leidenschaft fir d’Experimentéiere mat der Villfältegkeet vun neien a gebrauchten Eeche Fässer. D’Zesummespillt aus den Eegenschafte vun der Spirituos an den Aromae vum Holz, ergëtt eng villsäiteg a spannend Produktlinn. Scrollt no ënnen an entdeckt déi ënnerschiddlech Joergäng.

JOERGANG
2020

Pinot Noir
Cask Aged Gin

Eisen Opyos Pinot Noir Cask Aged Gin ass déi drëtt Ausgab vun eiser “Cask Aged” Serie an op 1300 Fläschen limitéiert.

Räifungs-
prozess

Wéi scho bäi eiser leschter Ausgab hunn mir eis och dëste Kéier d’Zil gesat, d’Editioun 2020 esou lokal ewéi méiglech ze gestalten, andeems mir eise klasseschen Dry Gin als éischt an Holzfässer aus lëtzebuergescher Eesch aus de Bäerdrefer Becher räife gelooss hunn. Dës mëttelstaark geréischtert Fässer verleeden der Spirituos eng zousätzlech Komplexitéit a verstäerken de Geschmaach no frësche Gewierzer, äerdeschen a liicht gereecherten Nouten.

Dorun uschléissend gouf de Gin an een neit opbereetend Pinot Noir Faass vum „Domaine Henri Ruppert“ iwwerféiert, fir déi elementar Charakteristik vum Pinot Noir ze erfaassen, déi sech duerch geréischtert Gewierzer, aromatesch Neelcheskäpp an eng donkel Bernsteinfaarf auszeechnen.

Degustatiouns-
nouten

Nues

Waarm a kräftege Noute vun donkelen a roude Bieren, zesumme mat frësch gemuelenem schwaarze Peffer an Nuancë vun Zitrusfriichten, déi duerch eng liicht Réischteraromatik ofgerënnt ginn.

Gomm

An der Nues spigelen sech am Ufank wierzeg a peffereg Aromaen zeréck, suivéiert vun enger cremeger karamellaarteger Struktur mat Nouten vu Korinten, déi de Gomm fëllen an eng seideg Textur hannerloossen.

Ofgang

Een Hauch vun äerdegen Noute vermëscht sech mat blummegen Aromae vun Hunneg an hannerléisst een laang unhalenden Ofgang den un Botterkaramell erënnert.

Suggestioun

Eise Pinot Noir Cask Aged Gin ass net fir d’Mëschen mat engem Tonic gëeegent. Genéisst en léiwer pur, bäi Zëmmertemperatur oder op Äis mat enger Zeste Orange. Alternativ kënnt Dir et och mat engem Spiced Gin & Juice oder Negroni probéieren. Prost!

Joergang
2019

Chardonnay
Cask Aged Gin

Eisen Opyos Chardonnay Cask Aged Gin ass déi zweet Ausgab vun eiser “Cask Aged” Serie an op 999 Fläschen limitéiert.

Räifungs-
prozess

Mir hunn eis zum Zil gesat, d’Editioun 2019 esou lokal ewéi nach ni ze gestalten, andeems mir eise klasseschen Dry Gin als éischt an Holzfässer aus lëtzebuergescher Eesch aus de Bäerdrefer Becher räife gelooss hunn. Dës mëttelstaark geréischtert Fässer verleeden der Spirituos eng zousätzlech Komplexitéit a verstäerken de Geschmaach no frësche Gewierzer, äerdegen a liicht gereecherten Nouten.

Dorun uschléissend gouf de Gin an nei opbereete Chardonnay-Fässer aus der „Maison Viticole Schmit-Fohl“ iwwerféiert, fir déi elementar Charakteristik vum Chardonnay ze erfaassen, déi sech duerch geréischtert Nuancen u Friichten, wierzegen Hieselnëssaromaen an enger klorer Bernsteinfaarw auszeechnen.

Degustatiouns-
nouten

Nues

Frësch a villfälteg Zitrusnouten dauchen um Ufank op, suivéiert vun engem Hauch Nougat a Vanill, déi duerch ee flott agebaute Réischteraroma ergänzt gëtt.

Gomm

Komplex, bal séiss, eng cremeg Textur, kandéiert Zitrusaromae si präsent, ofgeronnt duerch Noute vu getoaster Eech a gepefferter Schäerft.

Ofgang

Ee laang unhalenden a botteregen, bal Chardonnay-aartegen Ofgang, deen sech duerch Aromae vu Wakelter, getoaster Eech an Hieselnëss auszeechent.

Suggestioun

Eise Chardonnay Cask Aged Gin ass net fir d’Mëschung mat engem Tonic gëeegent. Genéisst en léiwer pur, bäi Zëmmertemperatur oder op Äis mat enger Zeste Orange. Alternativ kennt Dir et och mat engem Old Fashioned oder Negroni probéieren. Prost!

Joergang
2018

Opyos
Cask Aged Gin

Eisen Opyos Cask Aged Gin ass den éischten a Lëtzebuerg hiergestallten Gin, den an Eechenholzfässer geräift an a limitéierter Oplag agefëllt gouf.

Räifungs-
prozess

Verwennt hu mir Oloroso Sherryfässer fir de staarke Kierper an déi nosseg Fruucht, nei kaukasesch Eech fir déi fein detailléiert Vanill- a Karamellaromaen sou wéi gebrauchte Wäifässer aus Lëtzebuerg, fir dem Wiese vun eisem lëtzebuergeschen Territoire Ausdrock ze verleeën.

Den eemolege Bouquet vun eisem Opyos Luxembourg Dry Gin verschmëlzt mat den ënnerschiddlechen Eegenschafte vun den Eechenholzfässer a kritt sechs Méint Zäit, fir en harmonescht Destillat ze bilden. Ier mir en mat 47 % vol afëllen, kënnt et weder zur Kalfiltratioun nach zum Bäifüge vu kënschtlechen Inhaltsstoffer.

Degustatiouns-
nouten

Nues

Ugefaange mat frëschen a komplexen Aromaen, wéi Vanill a kandéierter Orangëschuel, sou wéi peffereg Nouten, déi all vum Holz stamen. Suivéiert vun hellen, klassesche Wakelter- a Korianderaromaen.

Gomm

Éischter fett a bottereg. Ofgeronnt gëtt d’Wierzt duerch déi holzeg Nouten, mat engem agreabele fir eisen Opyos Luxembourg Dry Gin charakteristeschen Ofgang.

Ofgang

Een nach méi aromatescht a méi laang unhalend Erliefnes wéi bei eisem Dry Gin kann hei genoss ginn. En Hauch vun Hieselnëss an Akzenter vu verschiddene Kraider reegen zu engem besonneschen Ofgang un.

Suggestioun

Wéi bei eisem Dry Gin recommandéieren mir Iech dëse pur oder mat engem grousse Stéck Eis ze zerwéieren. E schmaacht och gutt mat Ginger Beer oder an engem Cocktail.

You must be 18 years old to visit this site.

Please verify your age